Lëtzebuergesch
Abrell 2021 - “Violin with Chamber Orchestra” Dest Stéck ass am Kader vu méngen Etuden iwwert Orchestratioun komponéiert ginn. Enn 2020, 2021 - Weider Ausbildungen. Enn 2020, Ufank 2021 hunn ech iwwert deen däitschen HOFA-College den HOFA Audio Engineer oofgeschloss an hat schon am Februar 2021 en éischten Erfolleg ze verbuchen. Am Kader vum HOFA Xmas Mix Contest hunn ech e Jury-Präis fir mäi Mix vun engem Rock-Stéck kruut. No dem méi techneschen an allgemengen Audio Engineering-Cour ass fir 2021 eng Ausbildung am Beräich Cinematic Orchestration iwwert ThinkSpace Education virgesinn. 27. November 2020 - Release vun der Musik a vum Kuerzfilm “Urban Fairy”.  No der Veröffentlechung vum Soundtrack hunn ech meng HOFA Audio Engineering-Couren ugefangen. Fir awer net aus der Übung ze kommen, hunn ech des kuerz Musiks- a Videoproduktioun réaliséiert. 30. September 2020 - Release vun ”Die Eichenthron-Annalen” a vum Soundtrack. Endlech ass d´Buchreih souwéi och de Soundtrack vun “Die Eichenthron-Annalen” veröffentlecht. E grousse Merci un d´Tanja Funck fir säi Bäitrag beim Stéck “When the Curtain Falls”. 29. September 2020 - Remix vum Stéck Memories”, dat ech am Februar 2018 veröffentlecht hat. 01. Juni 2020 - De Soundtrack “Die Eichenthron-Annalen” ass gemixt a gemastert. Opgrond vun der aktueller sanitärer Crise a verschidden Emstänn, di sech heiduerch um Bichermaart erginn, ass de Release viraussiichtlech fir September 2020 geplangt. 27. März 2020 - De Mix vum Soundtrack ass säit deser Woch richteg amgaangen. 42 Minuten Musik, 8 Stécker, insgesamt 870 Spueren gellt et zu engem Ganzen zesummenzebréngen. 15. März 2020 - De Prequel vum Roman “Die Eichenthron Annalen”, Stern der Taranaki, ass am März 2020 op Amazon als E-book erauskomm. Den 1. Band vum Roman weärt de 17. Abrell 2020 veröffentlecht ginn. 2019 - 2020 - Hei e puer Impressiounen vun der Aarbecht am Studio, d´Komponéieren a Produzéieren vun de Stécker fir den Novel Soundtrack “Die Eichenthron-Annalen”. Oktober 2018 -  Deen Ament hat ech d´Geléigenheet kritt, mam letzebuerger Autor P.G. Connor e gemeinsame Projet ze réaliséieren: ee Novel-Soundtrack a voller Längt am Kader vun engem däitschsproochege Fantasy-Roman, deen 2020 veröffentlecht get. Eenzel Making-Of-Ausschnetter fannt Dir hei um Site, ewéi awer och op facebook. September 2018 a Januar 2019 - Nodeems ech di éischt puer musikalesch Projet´en konnt réaliséieren, hunn ech di folgend Zäit weiderhin genotzt, fir meng Kenntnisser am Mixing an am Orchestrale Mixing ze verdéiwen. Dest hunn ech engersäits an intensiver Eegeregie, awer och iwwer Couren bei engem Tountechniker vum Clive Davis Institute of Recorded Music an engem renomméierten Touningénieur vun den AIR Studios, London. Dest huet sech an deem Senn gudd getraff, well schonns ab Oktober 2018 deen eischte gréissere Projet sollt op mech duerkommen. August 2018 - Release vum Kuezfilm “Untamed” mat der passender Musik. Och hei waren meng Mix- Kenntnisser nach emmer just op meng Band-Erfahrungen an di verschidden Opnahmen aus de Joeren virdrun zeréckzeféieren. Dest sollt sech awer an deene Méint a Joeren duerno änneren. Februar 2018 - En éischte Release vun insgesamt 3 Stécker an engem méi klassesche Genre, dee fir mech punkto Produktioun am Fong nach Neiland war. Zu déier Zäit hat ech mech nach ganz wéineg aktiv mam Mixen selwer beschäftegt. Hei ass een Stéck vun deenen dräi, mat Fokus op Piano: “Memories”.
Home
English
(D´Stécker si weder gemixt, nach gemastered)
(D´Stécker si weder gemixt, nach gemastered)
www.christiankrier.com / All rights reserved / Site artwork and content managed by Christian Krier