Iwwert mech

Mäin musikalesche Wee huet - ewéi bei esou villen lëtzebuerger Museker/innen - seng éischt Schrëtt an der lëtzebuerger Band-Szene fonnt. Mëtt der 90er sinn ech als Keyboarder der Formatioun Lifewire, déi enger deemools typescher Rock-Formatioun entsprach huet, bäi getrueden. Zu deem Zäitpunkt hu meng Stécker nach keng, oder nëmmen ganz wéineg, klassesch Elementer virgewisen. Duerch mäin deemools wuessenden Faibel fir Bands wéi zum Beispill Queen oder och Gruppen aus dem Symphonic-Metal-Beräich sinn ech ëmmer méi op dee klassesche Wee geroden, bis ech mech dann am Conservatoire de Musique zu Esch/Alzette erëmfond hunn, wou ech Solfège- a Piano-Couren hat. D ‘Band Lifewire war di folgend Joeren immens aktiv: Et goufen eng Rei Concerten, national, ewéi international, gespillt; an et gouf eng éischt CD (”Kivas”) opgeholl. Als Représentants fir Lëtzebuerg si mir am Kader vum Emergenza-Festival zu Barcelona (E) opgetrueden, bis mir schlussendlech di grouss Chance haten, zu Montreux (CH) an den Mountain Studios mam David Richards, dem deemolegen Produzent vu Queen, David Bowie, Michael Jackson an villen aneren, eis zweet CD (”Burnin´ Tears”) opzehuelen. Et wor et eng grouss Éier, an deem Studio un enger Produktioun matzeschaffen, live ze erliewen, wéi den David funktionéiert huet - an ech perséinlech hat natierlech dovunner profitéiert, fir him iwwert d ‘Schëller ze kucken. Dat Schéinst fir mech waren awer d ‘Piano-Opnamen, déi ech do konnt maachen, nämlech op deemselwechte Fligel, op deem zwee bis dräi Joerzéngte virdrun den Freddie Mercury verschidde Queen- Stécker agespillt hat. En Duett mat der Cellistin Nathalie Manser fir d ‘Stéck “La merveille”, dat duerch eng spontan Piano-Improvisatioun am Studio tëscht zwou Opname zustane komm war, an dowéinst och net méi mat op d ‘CD komm war, war dunn natierlech den Highlight.  
Ausschnëtt aus “La merveille Lifewire (Copyrights) feat. Nathalie Manser Cello: Nathalie Manser Piano: Christian Krier
Kuerz duerno, 2002-2003, hu mir zesummen mam Regisseur Pier Hausemer e Videoclip zu Neuerburg (D) am Schlass opgeholl a produzéiert, ee dann 2003 awer och Lifewire schlussendlech getrennte Weeër gaangen war. Dunn war et natierlech net eriwwer. Am Fréijoer 2005 ass ënnert enger anerer Konstellatioun d ‘Band Pale Obsession gegrënnt ginn, déi sech ganz schnell an engem, e bëssen aneren Musek-Stil erëm fonnt huet. Eis éischt CD “Songs of Love and Death” war mat 3 vu 4 Stécker an den lëtzebuerger Charts vertrueden. An deenen nächsten puer Joer hu mir eng sëllech Unzuel un Concerten am Land, wéi och am Ausland gespillt; dorënner “Rock um Knuedler”, “Rock am Park”, “Tivoli Rock Festival” a Schweden mat der schwedescher Power-Metal-Band Sabaton. Dunn hate mir nach d ‘Chance fir bei verschidde groussen Acts als Virband opzetrieden, wéi beispillsweis bei der hollännescher Symphonic-Metal-Band Epica an bei der däitscher Formatioun Tokio Hotel. 2010-2011 hu mir d ‘CD “Made of Glass” opgeholl. Den Stefan Helleblad (Gittarist vun Within Temptation) war extra op Lëtzebuerg gereest, fir des Opnamen an eisem deemolegen Proufsall ze realiséieren. An erëm eemol hat ech d ‘Geleeënheet, engem routinéierten Tountechniker iwwert d ‘Schëller ze kucken, des Kéier eben an engem e bëssen méi perséinlechen Ëmfeld. De Stil vun Pale Obsession huet mir awer och d´ Méiglechkeet ginn, méi klassesch Influenzen eranzebréngen an des Aart vun Arrangementer an der Bandmusek ënnerzebréngen. E weidere Schratt an di richteg Richtung ...
Ausschnëtter aus “The ghost and the sadness Copyrights: Pale Obsession Arrangement & Opnahm (klassesch Deeler): Christian Krier CD-Opnahm & Produktioun: Stefan Helleblad
Ausschnëtt aus “War Copyrights: Pale Obsession Arrangement & Opnahm (klassesch Deeler): Christian Krier CD-Opnahm & Produktioun: Stefan Helleblad
Lëtzebuergesch
Iwwert mech
English
Zitat aus Backstage Pro: “... With the rocking guitar riffs, overwhelming orchestral parts, mixed to catchy, melancholic piano and keyboard melodies and surrounded by Joe MAY’s uncommon and outstanding voice, PALE OBSESSION have found their very own sound which will be kept in mind ! The perfect mixture between dark rock and bombastic melodic parts opens them a way to a very broad range of audience...” Desen Stil huet mir also d´Meiglechtkeet gin, méi klassesch Influenzen eranzebréngen an des Zocht vun Arrangementer an der Bandmusik ennerzebréngen. E weidere Schratt an di richteg Richtung ... 2012 huet dunn awer och Pale Obsession sech opgeléist. Wéi bei allem huet et keen Sënn méi gehat, eppes oprecht ze halen, wann d ‘Interessen ze wäit auserneen ginn. An deem Sënn ass all Member op seng Aart a Weis nach méi oder manner musikalesch ënnerwee. 2017 hunn ech dunn ugefaangen, mech op den Filmmusek-Genre a verschidde Facetten ze konzentréieren, an och via dëse Site public ze maachen - e laange Wonsch/Wee bis heihin. Während ech 2018 also meng éischt Produktiounen konnt realiséieren, hunn ech di nächst zwee Joer intensiv genotzt, eegestänneg meng Kenntnisser an Orchestratioun ze verdéiwen a mech weiderhin iwwer verschidden Fern-Couren an d’ Voleten mixing an orchestral mixing eranzeschaffen. Nodeems 2020 de grousse Projet “Die Eichenthron-Annalen” an och e Remix vum Piano-Stéck “Memories” veröffentlecht konnt ginn, sinn ech niewt weidere Projeten amgaangen, d´Couren fir den Audio Engineer  (Hofa-College) ze absolvéieren. Februar 2021 hunn ech am Kader vum HOFA Xmas Mix Contest e Jury-Präis fir mäi Mix vun engem Rock-Stéck kruut. Ech konnt mech hei vun insgesamt 1250 Asendungen op di éischt 10 Plaatzen klasséieren. No dem méi techneschen an allgemengen Audio Engineering-Cour ass fir 2021 eng Ausbildung am Beräich Cinematic Orchestration iwwert ThinkSpace Education virgesinn. Hei di verschidden Couren säitdeem: Mix By Design by Jason Moss (Behind The Speakers) - 2019 Mixing Low-End by Jason Moss (Behind The Speakers) - 2019 Vocal Mixing Masterclass by Jason Moss (Behind The Speakers) - 2019 Orchestral Mixing by Jake Jackson (ThinkSpace Education) - 2019 Mix With The Masters - 2019/2020 HOFA Audio Engineer by HOFA - 2020/2021 Cinematic Orchestration by Guy Michelmore (ThinkSpace Education) - 2021 Ech hoffen, et mécht Iech esou vill Spaass wéi mir. Christian K. 
www.christiankrier.com / All rights reserved / Site artwork and content managed by Christian Krier