Studio
Studio
Mäi Studio ass an engem sougenannten mixing environment ageriicht. Duerch en akustescht Traitement
an enger akustesch Aussmoossung a Kalibréierung vum Raum gëtt e sweetspot kreéiert, deen eng optimal
Mix-Situatioun erméiglecht. De Gros vun den Instrumenter, virun allem di eenzel klassesch Orchester-, an
awer och Effektinstrumenter, gin vu mir - op Basis vun opwennegen an détailléierten
Instrumentenopnahmen - eenzel agespillt, duerno arrangéiert a gemixt - en Orchester also, dat ech vu
mengem Pult aus souzesoen dirigéiere kann. Weiderhin kennen verschiddentlech Instrumenter am Studio
och direkt opgeholl ginn.
Mastering - Droits d´auteur
Bei mengen Produktiounen konzentréieren ech mech eenzeg an eleng op d´Opnam, d´Arrangement, de
Mix an de Pre-Master vun de Stécker, während de Mastering an engem auswäertege Studio zustane kennt.
Schlussendlech ginn d ‘Stecker bei der Société des Auteurs, Compositeurs et Éditeurs de Musique
(SACEM) deposéiert.
Lëtzebuergesch
Studio
English
www.christiankrier.com / All rights reserved / Site artwork and content managed by Christian Krier